"Op d'Rees mam Orientexpress" - Fueskolonie 2012


D'Fueskolonie fir Kanner vun 8 bis 12 Joër zu Beefort ass dëst Joër vum 20. bis de 24. Februar. Dir kënnt är Kanner schon elo iwwert den Agenda vum SNJ fir dës orientalesch Detektivgeschicht umëllen!

 

Ganz geschwënn leeft den Orientexpress nees aus der Gare a Schaffner u Bord ass wéi gewinnt den Timmi Knipsi. Während all d'Passagéier sech op eng gemittlech awer androcksvoll Rees freeën, stellt den Timmi mat Schrecke fest, dass iergend eppes louche ass : Wouhin ass de Roby Robbes verschwonnen a wat ass nëmme mat der Tatta Léini hirem Pelzmantel an hirer Pärelsketten geschitt? Fir rauszefannen, wien am Orientexpress säin Onwiesen dreift, brauch den Timmi deng Hëllef. Wann s du also Loscht hues mam Orientexpress matzefueren, da vergiess net ganz séier däi Billjee ze kafen, well du muss wëssen, dass den Timmi ausserdeem en Tëschestopp op der Schlittschongpist ageplangt huet.

 

Mellt iech nach haut iwwert den Agenda vum SNJ un fir dat net ze verpassen: agenda.snj.lu

 

 

Navigation