|
Op all Camp a Kolonie ass se voll bis uewen hin mat vill verschiddene Saachen! Deem enge seng Freed, deem aner säi Leed!
Wie wuel gemengt ass? Ma kloer, d'Jongléierkëscht .. Dëse Weekend probéiere mir all déi verschidde Requisiten, wéi Bäll, Devil Stick, Diabolo, Rola Bola an Eerad aus; jongléieren, balancéieren,?domadder a klären och wéi ee mat Kanner domat schafft. Mir gin awer och drop an, wéi en Zirkusprojet op enger Kolonie kann opgebaut gin, dass herno och e flott Resultat dobäi erauskënnt! Wëllkomm ass jiddereen, op een Erfahrung mat dëse Requisiten huet oder net!
|