Back to top

Jugendfoire.png

Et ass gläich Oktober, an dommader Zäit fir déi 2. Foire vun der Jugendaarbecht.

De Service national de la jeunesse invitéiert Iech häerzlech fir den 8. Oktober an de Forum Geesseknäppche fir Neies aus dem Secteur gewuer ze ginn, är Projeten an Initiativen ze presentéieren an iech mat de Kollegen auszetauschen

 

=== 8. Oktober 2019 um 9:00 ===

=== Forum Geesseknäppchen ===

 

Wëllt dir eng vun ären Aktivitéiten, eng nei Method, ee coolen Outil virstellen?

Da maacht e Stand op der Foire oder presentéiert är Initiativ op der grousser Bühn.

 

Mellt iech hei bis de 27. September un:

https://forms.snj.lu/fr/foire        

 

Programm

  • Kuerz Iwwersiicht iwwert d’Prioritéiten an d’Aktivitéite vum SNJ fir 2020
  • Presentatioun vun e puer flotte Projeten
  • Eis Canapé Lounge: eng Plaz fir sech ze begéinen a sech auszetauschen
  • Foire mat äre Stänn
  • Bëssi Fingerfood an e klenge Patt