Back to top

„Urbano Limits asbl“ setzt sech zu Esch Uelzecht fir Konscht a Kultur an.

De Raphael Gindt vun „Urbano Limits asbl“ beschreift de Kamellebuttek als „kléngt Paradies, wat een sech erfëllt“. Des aussergewéinlech flott Plaz vereent professionell an Nowuesskënschtler ewéi och Konschtintresséiert. Belieft gëtt de Kamellebuttek vun engem Atelier fir Kënschtler an enger Galerie. Am nämmlechten Haus bauen de Raphael Gindt, Daniel Maclloyd an d‘Flore Friden eng Konschtschoul fir grouss a kleng op.

Kamellebuttek_m.jpg

Konschtintresséiert aus alle Generatioune sinn häerzlech wëllkomm fir un de Workshops Deel ze huelen. Och Maison Relais an Jugendhäiser sinn agelueden sech bei hinnen ze mellen.

Voller Motivatioun huet di dynamesch Grupp u Kënschtler een ofwiesslungsräiche Programm fir d’Konschtschoul zesumme gestallt a mat enger finanzieller Ënnerstëtzung vum SNJ lancéiert.

Konschtschoul_6.jpg

Sidd dir firwatzeg ginn an hutt Loscht ärer Kreativitéit freie Laaf ze lossen? Dann kukt iech de Programm vun der Konschtschoul un: http://www.kamellebuttek.lu/itinerant-workshops/.