Back to top

Am Mäerz beim 23. Symposium fir Spillpädagogik am Mariendall, dee vum SNJ a vum CAPEL organiséiert gëtt, huet sech alles em d’Thema Medie gedréint.

D’Medie sinn en Thema deem vill Educateuren a Sozialpädagoge kritesch oder skeptesch géintiwwer stinn, well se der Meenung sinn, si hätten net déi néideg Kompetenzen, fir d’Medien an hir pädagogesch Aarbecht mat anzebezéien oder well se d’Medien éischter als eppes Negatives an der heiteger Gesellschaft ugesinn.

D’Zil vum Symposium war et, deene ronn 100 Participanten e spillereschen Ëmgang mat ënnerschiddleche Medien ze vermëttelen.

Wéi all Joer huet de Symposium mat engem theoreschen Input ugefaang. Den Oliver Stanislowski ass op d’Roll vun de Medien am Alldag vun de Kanner a Jugendlechen agaang an huet d’Erausfuerderunge fir d’Educateuren an d’Sozialpädagoge genannt, déi duerch de permanente Gebrauch vu Smartphone, Tablet a Computer entstinn. En huet de Participante och e puer flott Iddie mat op de Wee ginn, wéi souwuel déi „al“ wéi och déi „nei“ Meiden“ bei Projeten oder beim Alldag an de Betreiungsstrukture genotzt kënne ginn.

„Medienkompetenz ist die Fähigkeit, selbstbestimmt, kreativ und sozial verantwortlich mit Medien umzugehen und sie zur Gestaltung der eigenen Lebenswelt, zur Teilhabe an sowie zur Mitgestaltung der (Informations-) Gesellschaft zu nutzen“. (Gerhard Tulodziecki).“

Nom Haaptvirtrag huet d’Maison Relais Bartréng hire Medieraum an hire Medieführerschäin virgestallt an de Chris Krier, e Schoulmeeschter, huet erkläert wéi hien de Kanner mat Hëllef vu Videospiller op eng spilleresch Aart a Weis Wësse vermëttelt.

Ronderëm d’Mëttespaus konnten d’Participante op dene verschiddene Stänn mat Institutiounen an Organisatiounen a Kontakt trieden, déi Projeten an de Beräicher Medie maachen.

Nom Mëttegiessen haten d’Participanten d’Méiglechkeet an dene verschiddene Workshops nei Iddië fir hir Aktivitéite mat de Kanner ze sammelen.

D’Participanten haten um Symposium d’Méiglechkeet sech mat Experten an Aarbechtskollegen auszetauschen, si kruten nei Iddië vermëttelt an hu besonnesch nomëttes nei praktesch Erfahrunge gesammelt, wéi een déi verschidde Medie a seng pädagogesch Aarbecht am Alldag kann abauen, ouni e grousst Virwëssen ze hunn.

Eng Rei interessant Workshops:

  • Filmer mam Ipad maachen. Wéi benotzt een en digitale Fotoapparat, a wat fir Methode gi gebraucht, fir déi verschidden Iessproduiten a Reklammen duerzestellen – Mediafactory aus dem Mariendall
  • Den Internet an der Maison Relais an den Digirallye, un där all Joer d’Maisons Relais’e kënnen deelhuelen - BEE SECURE
  • De pädagogesche Méiwäert vu Videospiller, déi een souwuel digital, wéi och analog notze kann, fir Kanner a Jonke Wëssen ze vermëttelen – vum Chris Krier
  • D’Méiglechkeet en eegenen Escape Room ze kreéieren – Wundersam anders e.V. aus Bayreuth
  • Informatioune vun der Press kritesch hannerfroen. - Kidscoop
  • "Human Robot“ oder d’Programméieren ouni Computer – BEE CREATIVE
  • Flott Biller maachen mat der Cyanotypie - Capel

DSC_0381.JPG