Back to top

De Jugendsecteur zu Lëtzebuerg huet déi lescht Joren evoluéiert a wäert dëst och nach weiderhi maachen: niewent neie Servicer fannen och ëmmer erëm nei Leit hire Wee an eng vun de sëllechen Organisatiounen a Strukturen, déi am Secteur aktiv sinn.

Den neie Site gëtt en Iwwerbléck iwwer Organisatiounen a Strukturen aus dem Jugendsecteur an awer och iwwer Chaleten an aneren Infrastrukturen, déi een am Kader vun Aktivitéiten oder Projete ka lounen. Doriwwer eraus kritt een eng Oplëschtung vu bestoende Finanzeierungsméiglechkeete fir Projeten ugewisen.

Prinzipiell soll de Youth.lu et erméiglechen, sech am Jugendsecteur besser ënnertenee kennen ze vernetzen an doriwwer z’informéieren, wat am Secteur lass ass a wat sech fir Méiglechkeete fir déi eegen Aarbecht bidden. Wéi gesäit dëst elo am Detail aus?

  • Aktuelles aus dem Jugendsecteur

1.png

Um Youth.lu ginn d’Acteuren aus dem Secteur ausserdeem gewuer, wat dem SNJ a senge Partner hier neisten Offere sinn. Ween no méi Informatioun sicht oder sech fir deen een oder aneren Thema interesséiert deen de Secteur beweegt, dee kann dat och an eiser YouthLETTER oder dem YouthMAG noliesen.

Als Struktur oder Organisatioun hutt dir natierlech d’Méiglechkeet dës Inhalter aktiv matzegestalten – sot ons also Bescheed, wann dir en interessante Projet hannert Iech hutt!

  • Sech vernetzen a sech fannen

2.png

Dir fannt eng Iwwersiicht iwwert d’Jugendorganisatiounen, d’Jugendhaiser, d’Scoutsgruppen an och aner Organisatiounen, déi am Secteur aktiv sinn. Wann dir als Struktur nach net derbäi sidd, da kënnt dir Iech natierlech och ganz einfach hei androen.

  • Eng finanziell Ennerstëtzung fir e Projet fannen

3.png

Oft stellt sech d’ Fro nom Finanzielle wann een e Projet wëll entwéckelen. Op dëser Plaz fënnt een aktuell Finanzéierungsméiglechkeeten vun deenen dir als Struktur oder och als Grupp kennt profitéieren.

  • E Chalet zu Lëtzebuerg fannen

4.png

Dir sidd op der Sich no engem Daach iwwert dem Kapp am Kader vun engem Projet oder enger Aktivitéit? Hei fannt dir eng Oplëschtung vu Chaleten zu Lëtzebuerg, déi fir esou Zwecker zur Verfügung gestallt ginn.

 

Als SNJ hoffe mer, datt mer Iech mam Youth.lu en Outil bidden, deen iech an ärer Aarbecht op eng positiv a sënnvoll Aart a Weis kann ënnerstëtzen. Bei Froen a Feedback zum Fonctionnement an Inhalt vum Site kennt dir ons ganz gäre kontaktéieren.