Back to top

Jeunesse Démocrate et Libérale du Luxembourg

center

Adresse

B.P. 407
2014
Luxembourg
Luxembourg

Wien si mir?: Du hues maximal 33 Joer a wëlls dech fir eng jonk Politik asetzen? Da bass  du bei de Jonken Demokraten genau richteg. D’JDL ass nämlech déi eenzeg  liberal Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. Och wa mir der  Demokratescher Partei (DP) no stinn, si mir komplett onofhängeg. Et muss een also net Member an enger Partei sinn, fir sech bei eis ze  engagéieren. Eis Wäerter a Zieler: D’JDL setzt sech fir  déi gréisst méiglech Fräiheet fir all Bierger an, well nëmme fräi  Mënschen eng fräi Gesellschaft bilde kennen. Dat heescht awer och, datt  jidderee fir seng Handlunge responsabel ass. De Staat soll seng Influenz  op d’Gesellschaft esou kleng wei méiglech halen. D'sozial  Gerechtegkeet an d’Gläichbehandlung vun all Mënsch mussen ëmmer garantéiert sinn. Eis Aktivitéiten: Mir treffen eis  regelméisseg op nationalem, regionalem a lokalem Plang fir iwwert  Politik ze diskutéieren, Positiounen auszeschaffen an un  d’Ëffentlechkeet ze bréngen. Du bass nach kee Member an engem Comité?  Kee Problem! Mir bedreiwen eng Politik vun den oppenen Dieren, a jiddereen duerf bei eis matschaffen. Och de sozialen Aspekt kennt bei  eis net ze kuerz, andeems mir un ville kulturellen a sportlechen  Aktivitéiten deelhuelen. Loscht kritt dech bei eis ze engagéieren? Dann informéier dech einfach op eiser Internetsäit jdl.lu <br />

Type d'organisation
organisation de jeunesse politique
Statut
ASBL
Champ d’action
national

Personne de contact

Contact