Back to top

Eriwwer sinn d‘Zäiten an deenen Apps a Websäite just e Refuge fir Jonker an Technik-Enthusiaste waren. Plattforme wéi Instagram oder Reddit si scho laang keng Niewenerscheinunge méi an am Zentrum vun eiser Gesellschaft ukomm.

Wee sech mam Thema social Medie méi déif ausernee setzt, muss sech als éischt den enormen Zuele stellen. Elleng Facebook huet mëttlerweil ronn 2.4 Milliarden aktiv Notzer de Mount an iwwer 50 Millioune kleng a grouss Betriber déi hei vertruede sinn. Instagram (säit 2012 Deel vum Facebook-Konzern) huet offiziellen Zuelen no och schonn iwwer 1 Milliard aktiv User, bei Twitter sinn et der zum Verglach „nëmmen“ 320 Milliounen. Nei an extrem beléift bei Teenager ass zanter kuerzem „TikTok“, mat mëttlerweil och schonn iwwer 500 Milliounen Notzer weltwäit. Do dernieft leien déi meescht aner gréisser Plattformen (z.B. LinkedIn, Reddit oder Pinterest) an de westleche Länner op engem ähnlechen Aktivitéits-Niveau wéi Twitter. Hei zu Lëtzebuerg ginn et ronn 370.000 aktiv Notzer, wat ronn 62% vun der Populatioun entsprécht. Bei Facebook sinn et der 340.000 a bei Instagram 180.000.

„D‘Daten wieren dat neit Gold“, héiert een ëmmer méi heefeg. Esou ginn och d‘Marketing-Strategien ëmmer méi perséinlech oder intim. Oft sinn d’Inhalter esou un den Notzer ugepasst, dass ganz spezifesch Konsumenten-Gruppe mat Themen erreecht an och tatsächlech iwwerzeegt kënne ginn. Facebook ass hei dat prominentste Beispill: Et ass hei net nëmme méiglech Reklammen no Critère wéi Alter, Geschlecht oder Wunnuert ze schalten, mee zum Beispill huet een och d’Méiglechkeet Leit déi an de leschte Méint e Kand kritt hunn (respektiv déi dëst esou bei Facebook uginn hunn) mat spezielle Reklammen ze cibléieren.

Wéi funktionéiert de Facebook Algorithmus?

Ween eng eege Facebook Säit oder en Instagram Konto geréiert, fir deen ass net onwichteg ze wëssen no wéi engem System déi eege Beiträg op dëse Plattformen ugewise ginn. Net all är Frënn oder Follower gesinn nämlech hei tatsächlech, dass dir eppes gepost hutt: Duerchschnëttlech trëfft dat, bei private Profiller just bei ronn engem vu véier Frënn zou (15-35%), bei enger Page (Facebook Säit) nëmme bei engem vun zéng Follower (5-10%)! Ween sech also de But setzt seng gesamt Zilgrupp ze erreechen, kënnt an deene meeschte Fäll net méi derlaanscht op Reklammen zréck ze gräifen.
Wéi relevant är Posts fir déi aner Notzer sinn, ass dee wichtegste Critère, wann et drëms geet, ob de Post och bei dësen Notzer ugewise gëtt oder net. Kritt äre Post zum Beispill keng „Likes“ oder Kommentaren (keen „Engagement“), heescht dat fir de System, dass äre Beitrag net relevant ass a gëtt automatesch bei nach manner Leit ugewisen. Kënnt dat ze oft vir, riskéiert een, dass zukünfteg Inhalter quasi néierens méi optauchen. Doraus kann een also ofleeden, dass et heiansdo besser ass näischt ze posten, wann een näischt Uerdentleches parat huet. 

 

Wéi posten ech richteg?

Dee wichtegste Faktor deen ee muss kenne wann een esou eng Säit geréiert ass déi eegen Zilgrupp. U wien adresséieren sech är Posts? Wéi eng Sprooch schwätzen déi Leit? Wéi een Alter hunn se? Firwat sollten si sech grad fir iech interesséieren?
D’Opmierksamkeets-Span beim Mënsch (an och beim Scrollen op de soziale Medien) bedréit am Duerchschnëtt just 12 Sekonnen. Kënnt äre Message an där Zäit eriwwer?
Wann een seng Zilgrupp kennt, ass ee gudden Tipp sech bei den eegene Posts d’Fro ze stellen ob se mindestens ee vun den „3 E’en“ uspriechen:

  • EDUCATIOUN: Hëlleft meng Informatioun de Leit bei engem konkrete Problem?
  • ËNNERHALUNG: Kann mäin Post si net amuséieren, ass d’Chance grouss, dass en ignoréiert gëtt.
  • EMOTIOUN:  Huet mäin Post d’Potenzial bei menger Zilgrupp Emotiounen auszeléisen? Wa mech eppes beréiert, well ech och méi doriwwer erausfannen.
     

Hunn d'Inhalter keen emotionalen, edukativen oder ënnerhalende Wäert, sinn se fir är Zilgrupp an de soziale Medien héchstwahrscheinlech net relevant a ginn an der grousser Mass ënner.

Am aktive Gebrauch vun de soziale Medie ginn och eng Rei gutt a schlecht Ugewunnechten. Wann dir selwer zum Beispill eng Facebook Säit oder en Instagram Profil geréiert, sollen se iech dobäi hëllefe grondleeënd Feeler ze vermeiden an är Online-Präsenz ze verbesseren.

DO:S

  • Hannerfroe wat ee post - Si meng Informatioune korrekt an authentesch, an huet mäin Inhalt e Méiwäert fir aner User? Hunn ech mäin Text iwwerlies? Reng Informatioune komme bei de Notzer allgemeng net un, a wien well gesi ginn, soll konsequent mat Kreativitéit virgoen (3 E’en).
  • Hashtags richteg benotzen - Op Instagram kënnen et der maximal 30 sinn, op Twitter awer sollen et der net méi wéi 2 pro Post sinn. Keng Hashtags benotzen, déi net méi wéi 1 Millioun Posts hunn, well d’Chance soss ze kleng ass fir gesinn ze ginn. Déi richteg Hashtags kënnen engem virun allem op Instagram an Twitter vill Opmierksamkeet bréngen.
  • Senger Linn trei bleiwen - Wann ech e neien Account grënnen entscheeden ech mech fir ee Stil an eng Zilgrupp bei menge Posts, a passen och zukünfteg Inhalter dorunner un.
  • Mat der Zäit goen an déi eegen Donnéeën analyséieren - Villes verännert sech sou schnell, dass Approchen déi gëschter nach richteg waren, haut schonn nees net méi signifikant sinn. Dem kann een nëmmen entgéint wierken, andeems een sech um Lafenden hält a probéiert esou gutt et geet mat der Zäit ze goen.
  • Dat eegent Profil vervollstännegen - Keen wäert iech followen, wann en iech net kennt oder weess wat dir maacht. Ëmsou méi wichteg ass et um Profil méiglechst vill Informatiounen iwwer sech ze deelen. Op Instagram schwätzt een zum Beispill hei vun der Biography (Bio), déi an deem Sënn ee vun de wichtegsten Aspekter vum eegene Profil duerstellt.

DONTs:

  • Schlecht Qualitéit posten - Verschwommen oder verpixelt Fotoen oder Videoe sollten an der Reegel net op engem professionelle Kont gepost ginn (weder an enger „Story“, nach op engem „Feed“). Ween net genau weess wat e mëscht wierkt onprofessionell, an esou Biller bekräftegen deen Androck schnell.
  • Probéieren iwwerall ze sinn - Dir musst net op all Social Network aktiv sinn. Iwwerleet iech wéi eng Kanäl fir är Messagen am beschte sinn a fokusséiert iech op déi. Op alle Plattformen aktiv ze si resultéiert a vill Aarbecht, vu dass een d'Inhalter un déi jeeweileg Plattform upasse muss. Ausserdeem muss een sech ëmmer d'Fro stellen: Fannen ech an dësem Netzwierk iwwerhaapt déi Leit, déi ech eigentlech uschwätze wëll?
  • Op alles äntweren - Wann der bis Succès hutt, wëlle vill Persounen iech mat „Troll “ oder Haass-Kommentaren nëmme provozéieren. Et huet meeschtens kee Wäert sech mat esou Leit op eng Diskussioun anzeloossen. Interaktioune mat ärer Groupe-Cible sinn zwar essentiell, mee dat och nëmmen sou laang wéi et konstruktiv Gespréicher sinn.

 

Dësen Artikel gouf verfaasst vun der Online Marketing Agence neon marketing technology

Méi Informatiounen zu Theme wéi Online Marketing oder Social Media Management, fannt dir um Blog: www.goneon.lu/blog